Offiziell Website vun den Zeie Jehovas

Home Beliefs Future Medical Topics Contact Us Publications Languages

Gëtt et eng richteg
Äntwert?

Eng richteg Äntwert wourop? Op e puer vun de wichtegste Froen am Liewen, iwwer déi sech d’Mënsche Gedanke maachen. Eventuell hutt Dir Iech dëst och scho gefrot:

Vill Leit sichen a Bibliothéiken oder Librairien no Äntwerten op dës Froen. Et gëtt ëmmerhin Dausende vu Bicher, déi eng Äntwert verspriechen. Mee si widdersprieche sech dacks a si schonn no kuerzem net méi aktuell, gi revidéiert oder duerch aner Bicher ersat.

Et gëtt awer e Buch, an dem een zouverléisseg Äntwerte fënnt. An deem Buch steet d’Wourecht. Jesus sot an engem Gebiet zu Gott: ‘Däi Wuert ass d’Wourecht’ (Johannes 17:17). Haut kenne mir dëst Wuert als Helleg Schrëft oder Bibel. Wann Dir weiderbliedert, kritt Dir e klengen Abléck wéi kloer an zouverléisseg d’Bibel déi genannte Froe beäntwert.

Läit Gott wierklech eppes un eis?

Ee Mann ënnert ville Mënschen

WISOU DÉI FRO? D’Welt an där mir liewen ass grausam an ongerecht. Et gëtt Reliounen, déi léieren, dat all Leed, wat mir duerchmaachen, vu Gott gewollt ass.

WAT SEET D’BIBEL DOZOU? Et ass ni Gott deen dat Béist verursaacht. An Hiob 34:12 steet: ‘Gott selwer handelt net béis, an den Allmächtege selwer handelt net ongerecht.’ Gott huet fir d’Mënschen eppes Groussaarteges virgesinn. Dowéinst huet Jesus eis biede geléiert: ‘Eise Papp am Himmel ... Däi Kinneksräich soll kommen. Däi Wëlle soll geschéien, wéi am Himmel sou op der Äerd’ (Matthäus 6:9, 10). Gott huet schonn alles Erdenklecht gemaach, fir säi groussaartege Virsaz ze verwierklechen. Him läit ganz vill un eis (Johannes 3:16)!

Dir kënnt dozou och nach 1. Mose 1:26-28, Jakobus 1:13 an 1. Petrus 5:6, 7 liesen.

Wäerten enges Daags Krich a Leed en Enn hunn?

Zaldoten

WISOU DÉI FRO? Ëmmer nach verléiere ganz vill Mënschen duerch Kricher hiert Liewen. Jidderee vun eis ass schon mat mënschlechem Leed konfrontéiert ginn.

WAT SEET D’BIBEL DOZOU? Gott wäert op der ganzer Äerd fir Fridde suergen. Hien huet et versprach. Ënner senger himmlescher Regierung, sengem Kinneksräich, wäerten d’Mënschen ‘de Krich net méi léieren’, mee ‘hir Schwäerter zu Plouschare schmëdden’ (Jesaja 2:4). Gott wäert all Ongerechtegkeet an all Leed en Enn maachen. D’Bibel versprëcht: ‘Gott wäert all Tréine vun hiren Aen ofwëschen, an den Doud wäert net méi sinn, et wäert keng Trauer, kee Gejäiz a keng Péng méi ginn. Wat fréier wor [och d’Ongerechtegkeet an d’Leed vun haut] si vergaangen’ (Offenbarung 21:3, 4).

Dir kënnt dozou och nach Psalm 37:10, 11, Psalm 46:9 a Micha 4:1-4 liesen.

Wat geschitt beim Doud?

E Kierfecht

WISOU DÉI FRO? Déi meescht Relioune léieren, datt et am Mënsch eppes gëtt, wat nom Doud weiderlieft. Muench Relioune soen, datt déi Doudeg de Liewege schuede kënnen oder datt Gott déi Béis fir éiweg an der Feierhäll bestrooft.

WAT SEET D’BIBEL DOZOU? Wann e Mënsch stierft, hält en op ze existéieren. ‘Déi Doudeg … si sech näischt méi bewosst’ heescht et a Prediger 9:5. Well déi Doudeg näischt wëssen, näischt spieren an och näischt méi matkréien, kënne si de Liewege weder schueden nach hëllefen. (Psalm 146:3, 4).

Dir kënnt dozou och nach 1. Mose 3:19 a Prediger 9:6, 10 liesen.

Gëtt et eng Hoffnung fir déi Verstuerwen?

E Kand dat wéint dem Doud vun engem léiwen Verstuerwenen trauert

WISOU DÉI FRO? Jidderee vun eis ass frou mam Liewen a wëll et gäre mat deene Mënsche genéissen, déi e gär huet. Et ass ganz normal, datt mir eis dono sehnen, déi léif Verstuerwen erëmzegesinn.

WAT SEET D’BIBEL DOZOU? Déi meescht Verstuerwe wäerten erëm zum Liewe kommen. Jesus huet versprach, dat déi ‘déi an de Gediechtnisgriewer sinn, seng Stëmm héieren an erauskomme wäerten’ (Johannes 5:28, 29). Déi Operstane kréien da Geleeënheet an engem Paradäis op der Äerd ze liewen, esou wéi Gott et am Ufank virgesinn hat (Lukas 23:43). Déi, déi Gott säi Wëlle maachen, wäerten da vollkomme gesond sinn an éiweg liewen. D’Bibel seet: ‘De Gerechte selwer wäert d’Äerd gehéieren, a si wäerte fir ëmmer dorop wunnen’ (Psalm 37:29).

Dir kënnt dozou och nach Hiob 14:14, 15, Lukas 7:11-17 an Apostelgeschicht 24:15 liesen.

Wéi biet ee richteg?

Ee Mann dee biet

WISOU DÉI FRO? A bal alle Relioune gëtt gebiet. Awer vill Mënschen hunn dat Gefill, datt hir Gebieder net erhéiert ginn.

WAT SEET D’BIBEL DOZOU? Jesus léiert, datt mir keng festgeluecht Gebieder opsoe sollten. Hien huet erkläert: ‘Wann dir biet, da sot net ëmmer an ëmmer erëm datselwecht esou wéi d'Leit vun de Natiounen’ (Matthäus 6:7). Wa mir wëllen datt Gott eis Gebieder erhéiert, musse mir esou zu him biede wéi hien et sech wënscht. D’Konditioun dofir ass natierlech, datt mir de Wëlle vu Gott kennen. An 1. Johannes 5:14 steet, datt Gott ‘alles erhéiert, wat mir gemeess sengem Wëlle froen’.

Dir kënnt dozou och nach Psalm 65:2, Johannes 14:6, 14 an 1. Johannes 3:22 liesen.

Wat mécht eis wierklech glécklech?

Eng Fra déi duerch d’Liesen an der Bibel glécklech gëtt

WISOU DÉI FRO? Vill mengen, fir glécklech ze sinn, misst ee räich, berühmt oder schéi sinn. Si probéieren alles, fir dat ze erreechen, mierken dann awer datt dat alles net wierklech glécklech mécht.

WAT SEET D’BIBEL DOZOU? Jesus huet eis de Schlëssel zum Gléck gewisen, wéi e gesot huet: ‘Glécklech sinn déi, déi sech hire geeschtege Bedierfnisser bewosst sinn’ (Matthäus 5:3). Et kann een nëmmen da wierklech glécklech sinn, wann een dat wichtegst Bedierfnis, dat mir Mënschen hunn, befriddegt: Mir hunn d’Verlaangen, ze wësse wee Gott ass a wat e mat eis virhuet. D’Bibel gëtt eis d’Äntwert. Wa mir se kennen, kënne mir besser ënnerscheeden, wat am Liewe wierklech wichteg ass. A wa mir dann zouloossen, datt d’Wourecht aus der Bibel eis Entscheedungen an eist Verhale beaflosst, wäert eist Liewe vill méi sënnvoll ginn.

Dir kënnt dozou och nach Sprüche 3:5, 6, 13-18 an 1. Timotheus 6:9, 10 liesen.

Elo hutt Dir e klengen Iwwerbléck driwwer kritt, wéi d’Bibel sechs wichteg Liewensfroe beäntwert. Sidd Dir Iech Ärer ‘geeschtege Bedierfnisser’ bewosst, dann hutt Dir bestëmmt nach aner Froen, wéi zum Beispill: ‘Wa Gott wierklech eppes un eis läit, firwat léisst hien da schonn esou laang Leed a Misère zou?’ Oder ‘Wat kann ech maachen, fir eng besser Harmonie a menger Famill ze kréien?’ D’Bibel gëtt op dës an op e sëllechen aner Froen eng iwwerzeegend Äntwert.

Haut loosse vill Leit d’Bibel léiwer am Bicherschaf. Fir si ass et just en déckt Buch, dat zum Deel schwéier ze verstoen ass. Géingt Dir gären erausfannen, wéi d’Bibel Är Froe beäntwert? D’Zeie Jehovas kënnen Iech dobäi weiderhëllefen.

Mam Buch Was lehrt die Bibel wirklich? hutt Dir d’Méiglechkeet a kuerzer Zäit kloer Äntwerten aus der Bibel op déi wichtegst Liewensfroen eraus ze fannen. D’Zeie Jehovas bidden Iech och perséinlech Gespréicher iwwer verschidden Themaen aus der Bibel un. Zum Beispill eemol d’Woch bei Iech doheem oder op enger anerer Plaz wou et Iech besser arrangéiert. Et kascht Iech just e bëssen Zéit a soss näischt. Millioune Mënschen op der ganzer Welt hu schonn dovu profitéiert. A vill vun hinne si voller Begeeschterung zu der Konklusioun komm: ‘Ech hunn endlech d’Wourecht fonnt.’

Et gëtt näischt wat méi wäertvoll ass wéi d’Wourecht aus der Bibel. Si befreit eis vun Ongewëssheet, Awerglaf a bedréckender Angscht. Si vermëttelt eis e Sënn am Liewen, si gëtt Hoffnung a Freed. Jesus huet versprach: ‘Dir wäert d’Wourecht erkennen an d’Wourecht wäert iech fräi maachen’ (Johannes 8:32).

1. E Mann léiert d’Bibel besser kennen; 2. Eng Fra léiert d’Bibel besser kennen

Verëffentlecht 2008

No uewen